Useldeng "Collection privée Tony Glaesener"

De Réidener Kanton

Participéieren
Rammerech "Collection privée Tony Glaesener"

Rejoignez gratuitement

Participez

Den Ëmsaz ëm d’Feierdeeg fir déi riiseg Onlineplattformen wäert dëst Joer nach méi gigantesch ausfalen. D‘Angscht virum Virus spillt dem Ganze sécherlech an d’Kaarten. Mee wien bezillt de Präis? T‘sinn eis regional Betriber déi ënnert deem Boom leiden, an esou och d’Aarbechtsplazen. Betraff ass d’Zukunft vun eise Kollegen, Frënn a Noperen. Wéi kënne mir deemno aus dem Boom e Notze zéien ouni engem ze schueden? Duerch Solidaritéit! redange

Schenkt solidaresch Kaddosbongen « shop local »

 

De Syndicat Intercommunal “De Réidener Kanton” lancéiert zesumme mat senge Partner gringgo s.c (www.gringgo.lu) an De Kär a.s.b.l (www.beki.lu) d‘gemeinsam Plattform www.shoplocal.lu. Hei hudd Dir nitt nëmmen den Iwwerbléck vum regionale Commerce mee och d’Méiglechkeet Online Kaddosbonge „shop local“ ze kafen, mam gewënschte Betrag a Form vu Bekischäiner, schéi festlech verpaakt. Eist Regiogeld – e Synonym fir Solidaritéit – gëtt a ville Geschäfter ugeholl. Se bënnt d‘Kafkraaft un d’Regioun Réidener Kanton a fërdert déi regional Wirtschaftskreesleef. D’Lëscht vun de Betriber, déi de Beki akzeptéieren, gëtt reegelméisseg aktualiséiert.

 

Un all d’Betriber am Kanton, maacht mat.

Ass äre Betrib nitt op der Lëscht oder op www.shoplocal.lu, an Dir wéilt awer gäre matmaachen, da kontaktéiert eis via Mail op shoplocal@reidener-kanton.lu. T’ass nitt erfuerdert Member ze si beim De Kär a.s.b.l oder Kooperateur ze si bei gringgo.s.c.